Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Episode 66 : Wildnispädagogik

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Als Kanner ass déi Virwëtzegkeet dacks ganz natierlech. Mir entdecken, mir beréieren, mir sammelen, mir stellen dausend Froen. Mee iergendwou um Wee zum Erwuessesi verléiere vill vun eis déi Verbindung. An do kënnt d’Wildnispädagogik an d’Spill.
Et geet drëm, d’Natur net nëmme vu baussen ze kucken oder eppes iwwer si ze léieren, mee se wierklech ze erliewen. Mat eise Sënner, mat eisem Kierper an och mat eiser Virwëtzegkeet. Mäi Gaascht ass d’Jessica Desorbay, Naturguide, Achtsamkeetstrainerin, Wildplanzen- a Wildnispädagogin an d’Fra hannert Wildchild.lu

D’Jessica verbënnt a senger Aarbecht aalt Wëssen iwwer d’Natur a wëll Planze mat moderner Naturpädagogik an Achtsamkeet. A senge Workshops begleet si Kanner an Erwuessener an de Bësch – fir méi lues ze ginn, nees bewosst ze lauschteren an ze spieren, a sech iwwer d’Natur och selwer nees e Stéck méi no ze kommen.
Mat hir schwätzen ech haut doriwwer, wat Wildnispädagogik iwwerhaapt ass, firwat mir eis Verbindung mat der Natur ëmmer méi verléieren a wat geschitt, wa mir se neesfannen.[ www.wildchild.lu](http://www.wildchild.lu)

Episode 65 : Tantra

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Tantra. Bei deem Wuert denken déi meescht vun eis warscheinlech als Éischt u Sex, Intimitéit oder vläicht un eppes e bëssen Esoteresches. Mee Tantra ass eigentlech vill méi breet wéi dat. Et ass eng al spirituell Traditioun, an där de Kierper, d’Bewosstsinn an eis Erfarungen net vuneneen getrennt ginn. Amplaz de Kierper ze ignoréieren oder ze kontrolléieren, geet et drëm, en ze spieren, präsent ze sinn an dat, wat an eis
geschitt, bewosst wouerzehuelen. Mee wat huet dat mat eisem modernen Alldag ze dinn? Wat kann Tantra eis
iwwer Intimitéit, Sexualitéit, Grenzen, Verbindung an eis Relatioun mat eisem eegene Kierper léieren? A firwat hu mir heiansdo esou vill am Kapp verstanen – mee eise Kierper reagéiert trotzdem ganz anescht?

Doriwwer schwätzen ech haut mam Stella Witry, Sexualtherapeutin an Grënnerin vun Tantra Luxemburg, & Stella Bodywork.

Episode 64 : Coaching bei kierperlechen Aschränkungen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod schwätze mir mam Tanja Heirens, systemesch Coachin, déi Frae mat kierperlechen Aschränkungen begleed. Mir schwätzen iwwert d’Bezéiung zum eegene Kierper, Erausfuerderungen am Alldag, Selbstbestëmmung an d’Kraaft, trotz Verännerungen nees méi Lichtegkeet a Vertrauen ze fannen. Eng déif, éierlech an inspiréierend Gespréich iwwert Resilienz, Bewosstsinn a nei Méiglechkeeten.

Episode 63: Vipassana

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod vu Be Well – de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg schwätze mir mam Greta Flisi iwwert Vipassana Meditation – eng al Praxis vun Stëll, Observatioun a Bewosstsinn, déi duerch S.N. Goenka weltwäit bekannt gouf. D’Greta deelt, wéi eng 10-Deeg-Retraite hiert Liewen déif verännert huet, firwat mir d’Quell vun eisem Gléck an eis selwer fannen, a wéi Vipassana eis hëllefe kann, méi Rou, Kloerheet a Präsenz am Alldag ze entwéckelen.

Episode 62 : Wëllplanzen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir empfänken d'Manon Bissen (Wëll Muert), diploméiert Sozialpädagogin a Wildpflanzenpädagogin a grouss Kanéngchen-Liebhaberin. Si deelt hir Persounlech Rees an d’Natur, d’Ausbildung vun 2022, hiert Engagement fir al Heelmëttel-Wëssen a praktesch Fäegkeeten fir Wëllplanzen ze erkennen. An dëser Episod léiere mir: wéi een ufänkt Wëllplanzen z’identifizéieren, firwat vill Wëssen verluer gaangen ass, a wéi een d’Verbindung zur Natur erëm opbaut.

Episode 61: Unature

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mat UNature entdecken mir, wéi de Bësch a natierlech Raim zu Lëtzebuerg aktiv zu mentaler
Gesondheet, Präventioun an Educatioun bäidroen. D’Organisatioun verbënnt wëssenschaftlech Fuerschung mat konkreter Praxis a schafft zesumme mat Schoulen, Ministèren a Gesondheetsakteuren, fir Natur als Ressource fir Resilienz an nohalteg gesellschaftlech Entwécklung ze verankeren.
An dësem Episod schwätzen mir mam Julie Schadeck - General Manager vun UNature - wéi wëssenschaftlech Evidenz a konkret Praxis mateneen verbonne ginn. D'Julie schafft um Kräizpunkt vu Mentaler Gesondheet, sozial-emotionaler Entwécklung, Ëmweltpolitik an gesellschaftlecher Transformatioun.
Vun internationaler Projet-Entwécklung iwwer EU-Programmer bis hin zu konkrete Bësch-Projeten
hei zu Lëtzebuerg – si baut Brécken tëscht Ministèren, Schoulen, Gesondheetsakteuren an
Zivilgesellschaft. Mee hannert all Strategie steet eng Iwwerzeegung:
D’Natur ass net nëmmen en Hannergrond. Si ass en aktiven Partner fir Präventioun, Resilienz a
laangfristeg gesellschaftlech Verännerung.

Episode 60: Krav Maga

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Krav Maga ass méi wéi Selbstverdeedegung: et geet ëm Sécherheet,
Selbstvertrauen a mental Stäerkt. Eng praktesch Approche, déi op
natierleche Reaktiounen baséiert a fir richteg Situatiounen entwéckelt gouf –
am Alldag an a schwierege Momenter. De Marc Stoltz war an senger Carrière war hien ëmmer op der Sich no
enger Selbstverdeedegung, déi wierklech funktionéiert – souwuel fir
Asazkräfte wéi och fir normal Bierger. Dat huet hien zum Krav Maga gefouert. Haut ass de Marc ee vun den
héichst graduéierte Blackbelts vu Krav Maga Worldwide an Europa. 2012 huet hien zesumme mat senger Partnerin Jennifer Carat dat éischt voll professionellt Krav-Maga-Selbstverdeedegungszentrum zu Lëtzebuerg
gegrënnt by kickyoufit.

Episode 59: Food Waste

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Be Well haut mam Lisa Albers. Hat ass Responsabel fir Sensibiliséierung an
Informatioun bei on.perfekt, enger sozialer Entreprise, déi Liewensmëttel eng
zweet Chance gëtt a sech aktiv géint Food Waste asetzt. Schon Schonn wärend hirem Studium zu Amsterdam huet si sech intensiv mam Thema Nohaltegkeet auserneegesat – vu Veganismus iwwer Second-Hand-
Konsum bis hin zu hirem Engagement als Bénévole bei enger Fondatioun géint Liewensmëttelverschwendung. on.perfekt huet si vun Ufank un mat vill Interessi verfollegt, a wéi d’Equipe dunn eng Plaz ausgeschriwwen huet, war fir si direkt kloer : hei konnt si hir perséinlech Iwwerzeegungen a seng Passioun zum Beruff maachen.
Wat kennen mir konkret geint Food Waste maan, méi dozou an desem Episode.

Episode 58 : Familiencoaching

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Fabienne Weber war Joren laang Léierin, mat vill Léift fir d’Kanner – bis si
gemierkt huet, datt si sech selwer dobäi verluer huet. Eng
eenzeg Situatioun mat engem Kand ass fir si zum Wendepunkt
ginn. Si huet erkannt, wéi vill vun deem, wat d’Kanner gewisen
hunn, och e Spigel vu hirem eegene bannenzege Chaos war.
Haut geet si e komplett neie Wee: hallef an der Schoul, an
hallef als Familiencoach, wou si Elteren a Kanner mat vill
Sensibilitéit a Selbsterfarung begleet.

About this podcast

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

by Sarah Cattani

Subscribe

Follow us